Emol Scout ... ëmmer Scout ...

Ëmmer bereet!

Adventure

Komm mat!

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir aneren z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir aneren, anzesetzen.

Eis Versammlungen:

Branche Versammlung 1. Versammlung 2026-2027 Kontakt E-Mail
Biber (6 – 8 Joer; Minimum Cycle 2.1): Samschdes  vun 9:40 bis 11:40 Auer 19. September 2026 biber@reiser.lgs.lu
Wëllefcher (8 – 11 Joer): Samschdes  vun 9:30 bis 11:30 Auer 19. September 2026 wellefcher@reiser.lgs.lu
AvEx (11 – 14 Joer): Mëttwochs vun 19:00 bis 20:30 Auer 16. September 2026 avex@reiser.lgs.lu
CaraPio (14 – 17 Joer): nach net gewosst –> bei interessi gäre kontaktéieren nach net gewosst –> bei interessi gäre kontaktéieren carapio@reiser.lgs.lu
RaRo (17 – 23 Joer): Samschdes ab 19:00 Auer 19. September 2026 raro@reiser.lgs.lu

 

Wann Der méi Informatioune braucht, dann zéckt net a mellt Iech bei der jeeweileger Branche oder kontaktéiert eis op info@reiser.lgs.lu