Wéi komme mer op Réiser?

Den Home Père René Leuck fënnt een zu Réiser direkt nieft der Gemeng. Dofir ass den Home och liicht mam ëffentlechen Transport ze areechen.

  • Mam Bus
    Numm vun der Haltestell: Réiser Gemeng
    Busser vun der Ligne 511 fueren an der Woch all 30 Minutten vun der Stader, respektiv der Beetebuerger Gare op Réiser. Sonndes fiert den Bus och awer just  nach all 2 Stonnen. Den Horaire vun der Ligne 511
  • Mam Zuch
    Numm vun der Gare: Berchem
    Am 30-Minuten-Takt fueren Zich vun der Ligne 60 vun der Stader, respektiv der Beetebuerger op Bierchem. Vun Bierchem aus sinn et 10 Minutten zu Fous op Réiser. Den Horaire vun der Ligne 60
  • Mam Auto
    Op der Diddelenger Autobunn (A3) d’Ooffahrt Léiweng/Beetebuerg huelen. Dann weider Richtung Léiweng, laanscht d’Tankstell op Bierchem. Zu Béiweng bei der Apdikt no rechts fueren. Zu Réiser beim Bäcker no lënks oofbéihen. No 100 Meter läit den Home vis-a-vis vun der Kierch op der lënker Sait. Firum Home sinn e puer Parkplaatzen. Wann dës net sollen duer goen, ass hannert der Maison Relais an nierft der Kierch en groussen Parking.