Als Elterendeel ass et äert Recht iwwert d’Bildrecht vun ärem Kand ze entscheeden. Wann dir eis verbitt Fotoe vun ärem Kand op de Social Media Säite vun de Réiserbänner Guiden a Scouten respektiv op de Säite vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ze publizéieren hale mir eis selbstverständlech dorunner.
Mir benotze Social Media haaptsächlech fir den Eltere kleng Abléck an d’Scouten ze ginn a fir op eise Grupp Opmierksam ze maachen. Och hei géif eis d’Saach erliichtert ginn, wa mer vun esou vill wéi méiglech/jidderengem dës Erlabnis hätten.