The OPEN END‘s an d‘Réiserbänner Guiden a Scouten invitéieren, no enger erfollegräicher Editioun lescht Joer, dëst Joer nees op hiert gemeinsaamt Buergbrennen.
Samschdes de 17. Januar fannt dir eis ab 18h fir en Apero um Herchesfeld.
Déi wou um Fakelzuch wëllen deelhuelen, kënne bei eis (op der Héischt vum Haus Nummer 22 an der rue de la Montagne zu Krautem) eng Fakel kafen. Um 19h trëppele mir dann mat eise Fakelen Richtung Buerg.
D‘Buerg fänke mir da géint 19h30 un.
Fir Iessen, Gedrénks, Musek a flott Stëmmung ass natierlech gesuergt.
Fir all déi, wou mam Auto op d‘Herchesfeld komme wëllen, gëtt et op der Plaz Parkméiglechkeeten.
Mir hoffe vill vun iech deen Owend ze gesinn, sou dass mir zesummen de Schluss vum Wanter feiere kënnen.