Fir Iech d’Ouschterzäit dëst Joer e bëssi ze verschéineren, hu mir eis iwwerluecht Ouschtereeër ze fierwen an en Ouschterkuerf ze maachen.

Selwer gefierften Eeër: an enger Këscht sinn all Kéiers 6 gewieften Eeër dran; Präis: 5€.

-Fir den Ouschterkuerf dréit all Branche en Deel zum Inhalt bäi, sou dass dir herno e flotte Kuerf wäert kréie mat: selwer gemaachenen Eeërbecheren, Seedbombs, Ouschterdeko, leckerem Schockela, an eng Bakmëschung; Präis: 35€.

Macht Iech also bäi a bestellt Iech gefierften Ouschtereeër an ären Ouschterkuerf!

Bestellung:
Fir Iech ären Ouschterkuerf oder är gewieften Eeër ze reservéieren, muss der bis den 9. Mäerz de Formular vun dësem Link ausfëllen: https://reiser.lgs.lu/ouschterkuerf/

Alternativ dozou, kënnt dir gären och op eiser Telefonshotline reservéieren:
Telefonsnummer: +352 621 656 501
Auerzäit: 18:00-20:00

Bezuelen:
Är Reservatioun ass nom reservéieren gülteg, soubal der eis 5€ pro Eeërskëscht respektiv 35€ pro Ouschterkuerf bis den 9. Mäerz op follgende Kont iwwerwisen hutt :
LU88 0090 0000 2178 4715 mam Vermierk “Ouschterkuerf 2024 – Nonumm + Virnumm”.

Ausliwwerung:
Den 23. Mäerz tëschent 15:00 a 17:00 Auer kënnt dir dann är Bestellung bei de Scoutshome (44, Grand-Rue L-3394 Roeser) siche kommen.
Oder dir kënnt se zu der nämmlechter Zäit heem geliwwert kréien (just fir Bestellungen an der Gemeng Réiser).

Mir freeën eis scho richteg drop Iech mat eisem Ouschterkuerf eng Freed maachen ze kënne.